top of page
Mathe-Klasse

Organisation des Employés de l'Enseignement

Am lëtzebuergeschen Enseignement public, sief dat am Fondamental oder am Secondaire, schaffe ganz vill "Chargés de cours". Am Fondamental maachen d'Chargéeë 15% vum Personal aus, ma am Secondaire representéieren d'Chargés de cours direkt een Drëttel vum gesamte Personal. Mir sinn domat ee wichtegen Deel vum Personal an ënnerriichten d'Schüler a sëllege Matièren. Joerzéngten un Erfahrung um Terrain a Kompetenze brénge mir mat an eis Klassen. Ma an deene leschte Joren, schéngt et awer ëmmer méi de Wonsch vum Ministère de l'Education ze sinn, eis mat trotz dëse wäertvolle Kompetenzen an Erfahrungen vun eise fixe Posten erof ze huelen, an dofir an den Remplacement permanent ze setzen.

Dëst ass eng Problematik déi mir esou net akzeptéiere kënnen a wëllen.

Aus dësem Grond gëtt et Zäit ze handelen!

 

Ënnert dem Dachverband vun der CGFP, ass déi richteg Plaz fir eng Gewerkschaft vu Chargéë, fir Chargéen ze verankeren. D'Organisation des Employés de l'Enseignement (kuerz OEE) ass eng Gewerkschaft déi sech fir alleguer d’Chargéen am Enseignement, souwuel aus dem Enseignement Fondamental ewéi och aus dem Enseignement Secondaire asetze wäert.

 


Eis Gewerkschaft baut op 3 Grondsätz op:

1. Mateneen no vir:
Eng Eenheet sinn ass immens wichteg. Nëmme wa mir als Chargéen aus alle Beräicher zesummenhale si mer staark a kënnen eppes bewegen. Schrëtt fir Schrëtt komme mer esou un eis Ziler a kënnen net ignoréiert ginn.


2. Jiddereen zielt:

Vertraue berout ëmmer op zwou Säiten. Eis Membere musse sech zu all Moment op eis verloosse kënnen, a sech sécher sinn, dass mir fir si do sinn. Ëmgedréint deet et awer och gutt ze wëssen: eis Memberen sinn do, wa mer si brauchen.

3. Mat eis, fir Iech!

Eng Gewerkschaft ouni Dynamik, ass ewéi eng Zopp ouni Salz. Mer brauchen also och d’Dynamik vun eise Memberen. Dofir gitt een aktiven Deel vum Wiessel an hëlleft eis d'Situatioun fir all d'Chargéen zu Lëtzebuerg ze verbesseren!

Ziler hunn, Prinzpie liewen

Mateneen no vir

Jiddereen zielt.

Mat eis, fir Iech!

bottom of page